Wëllkomm bäi de Frënn vum LTEtt

E Veräin fir d’Schoulgemeinschaft

De Veräi vun de Frënn vum Lycée Technique vun Ettelbréck (LTEtt) gouf am Joer 2024 gegrënnt. Säin Haaptzil ass et, eng enk Verbonnenheet mat der Schoul ze fërderen an all Member vun der Schoulgemeinschaft aktiv ze ënnerstëtzen. Dobäi leet de Veräi Wäert dorop, souwuel no banne wéi och no bausse positiv Impulser ze ginn a konstruktiv zur Entwécklung vum LTEtt bäizedroen.

 

 

 

Wéi gesäit dës Ënnerstëtzung aus?

D’Frënn vum LTEtt engagéieren sech op verschidde Manéiere fir d’Schoulgemeinschaft:

  • Finanziell Ënnerstëtzung vu Schüler- a Schoulprojeten:
    Innovativ Iddien an Initiativen vu Schüler a vun der Schoul ginn duerch finanziell Bäihëllefen gefërdert, fir déi aktiv Bedeelegung un der Schoulgestaltung ze stäerken.
  • Hëllef bei schouleschen Aktivitéiten:
    De Veräi ënnerstëtzt d’Organisatioun an d’Duerchféierung vu Schoulfestivitéiten, kulturellen Evenementer, Visiten oder Atelieren, fir de Schüler en ofwiesslungsräichen a liewegen Schoulsalltag ze bidden.
  • Sozialt Engagement bei perséinleche Schicksalsschléi:
    Bei Krankheet, Doud oder anere schwéiere Liewenssituatiounen engagéiert sech de Veräi mat mënschlecher an eventuell materieller Ënnerstëtzung, fir Zesummenhalt a Matgefill bannent der Schoulgemeinschaft ze weisen.
  • Organisatioun vun ausserschouleschen Aktivitéiten:
    Et ginn Aktivitéiten ugebueden, déi d’Verbindung tëscht de Membere stäerken – sief et Reuniounen, Ausflich oder Events, déi de Schoulgeescht fërderen an d’Identifikatioun mat der Schoul verstäerken.

Mat dësem Engagement wëlle mir d’Liewen um Lycée net nëmmen am Klassesall, mee och an der Gemeinschaft bereecheren.