Member ginn

Als Frënn vum Lycée Technique vun Ettelbréck freeë mir eis natierlech iwwert all neie Member, sief et aus solidaresche Grënn, fir um Veräinsliewen aktiv wëllen deelzehuelen oder sief et, fir eise Veräin ennerstëtzen ze wëllen.

An eisem Veräin hu mir zwou Zorte vu Memberen:

  • Aktive Member: Als aktive Member duerf all Persoun sech mellen, déi zum aktive Personal an der “Conférence du Lycée Technique d’Ettelbruck” zielt oder d’Pensionäre vum LTEtt. Als aktive Member huet een och d’Méiglechkeet, séng Stëmm bei der “Assemblée Générale” geltend ze maachen.
  • Éieremember (“membre adhérent”): Éieremember duerf all Persoun oder moralesch Instanz (Firma, Veräin, Fondatioun, …) ginn. Och Mannerjäreger oder Schüler kennen Éieremember vun eisem Veräin ginn. Am Géigesaatz zu engem aktive Member huelen si wuel och aktiv um Veräinsliewen deel, hunn awer kee Stëmmrecht bei der “Assemblée Générale”.

Eng Memberskaart vun de “Frënn vum LTEtt” kascht 20€ pro Joer, esouwuel fir di aktiv Memberskaart wéi och fir d’Éierememberskaart.

Waardelëscht

Bis mir déi éischt Memberskaarte verdeele kënnen, Dir awer um Laafende wëllt gehale ginn, kënnt Dir Iech an eiser Waardelëscht aschreiwen. Esoubal mir déi éischt Memberskaarte kënne verdeelen, kritt Dir vun eis Bescheed gesot.


Link fir d’Waardelëscht